Eng Renovatioun mat Ulaafschwieregkeeten
Verspriechen déi een gëtt, soll een haalen!
27 Novembre 2025
Ufank 2023 haat de Client sech fir déi éischte Kéier bei eis gemellt, mat der Ufro eng Renovatioun Clefs en mains auszeféieren. Well eis Agenda deemools bis uewen hin gefëllt war, hu mir missen ofsoën – mee mat dem Verspriech: Wann Hëllef gebraucht gëtt, si mir do.
Genee esou ass et komm. Ufank 2024, nodeems e Confrère de Projet gestart haat, hun de Client an hie sech net méi verstaan. An deem Moment hu mir, wéi versprach, d’Plaatz iwwerholl an d’Leedung vum Chantier iwerholl. Déi Sous-Traitanten, déi de Client gäeren wollt behaalen, sin um Boot bliwen – mir haaten an der Vergaangenheet schons zesummengeschafft, an d’Zesummenaarbecht ass och dëss Kéier rond gelaaf (meeschtens).
Esou konnte mir den Gesamtpaak un Aarbechten iwerhuelen an ofschléissen:
-
Démolitioun a Réibau
-
Gips- an Fassadenaarbëchten
-
Chapen an Plättercher
-
D’Alentouren
-
Déi komplett Schräineraarbechten bannen mat Diiren, Parquet, Teppech an der Kichen
No ronn 1,5 Joer Renovatiounszäit konnt de Client schliesslëch mat Freed an säin neit renovéiert Haus plënneren.
NOVUS seet MERCI fir d’Vertrauen.