Nei bei eis am Sortiment: Terrazzo Buedembelag
4 Juin 2025
Wat ass Terazzo?
Als Terrazzo gëtt e Buedembelag bezeechent, deen normalerweis ouni Fugen aus engem Bindemëttel a kleng Steng besteet, an deen zanter der Antik produzéiert gëtt: Réimesch Villae goufen domat ausgestatt, an zanter dem Mëttelalter war e besonnesch beléift bei Privathaiser zu Venedeg.
Fir dëse besonnesche Belag och bei eis ubidden ze kënnen hu mir elo eng Formatioun bei eisem Partner VIA gemaach. Sou stelle mir sécher dat mir ëmmer um neiste Stand a bei den aktuellsten Trends dobäi sinn
Virwëtzeg?
Hei puer Beispiller, déi d'Resultat vun dësem ganzen Prozess weisen. Sou oder esou ähnlech kéinnt et och bei iech Doheem ausgesin.
