D’letzt Woch hu mir bei NOVUS rëm eis traditionell Chrëschtfeier gefeiert – e wichtege Moment, dee fest zu eisem Planning gehéiert. All eis Salariéen, Employéen an Aarbechter sin zesummekomm, fir an enger familiärer Atmosphär e flotten Owend ze verbréngen.
Besonnesch gefreet hu mir eis, och dëst Joër eis Pensionnairen erëm begréissen ze dierfen. Si sinn an bleiwen en onverzichtbare Bestanddeel vun der NOVUS-Famill, an et ass eis eng Éier, dës Traditioun weiderzeféieren.
Am Kader vun der Feier hu mir och dem Nelson seng 10 Joër bei NOVUS gefeiert – zéng Joer Engagement, Zouverlässegkeet a qualitativ Aarbecht. Esou Joëren ze feieren heescht och, d’Loyalitéit an de gemeinsame Wee ze schätzen.
Zousätzlech krut den Cristiano eng Enveloppe als Merci, well hien zwee Aarbëchter virgeschloen huet, déi elo schonn iwwert ee Joer mat vill Asaz a Motivatioun bei NOVUS schaffen. Dat weist, wéi wichteg Zesummenhalt a Vertrauen an eisem Betrib sinn.
Zum Schluss soe mir e grousse Merci un d’Equipe vum Restaurant ATYPIC zu Beggen, déi mat hierem Service a Kader vill zum Geléngen vun dësem schéinen Owend bäigedroen huet.
Esou Momenter stäerken eis Gemeinschaft a bestätegen dat, wat NOVUS zënter Joëren ausmécht: Zesummenhalt, Traditioun an de Respekt virun all Mënsch, deen zu eiser Geschicht bäidréit.