NOVUS Teambuilding 2026
Teamwork baut net nëmmen Haiser, et baut och staark Equippen.
28 Juin 2026
Fir e puer Deeg hu mir d'Chantieren, d'Pläng an den Alldag hannert eis gelooss an eis am ANATURA zu Wäiswampech getraff, fir dat ze stäerken, wat NOVUS all Dag ausmécht: eis Equipe.
Ob beim Lasergame, Minigolf, Rodeo, Workshop, Explore-Game, um Paddle oder bei engem gudde gemeinsame Menü – iwwerall stoungen Teamgeescht, Zesummenhalt a Freed am Mëttelpunkt. Et gouf vill gelaacht, sech géigesäiteg encouragéiert an nei Erënnerunge geschaaf.
Bei NOVUS gleewen mir drun, datt staark Projeten nëmme mat staarke Mënschen entstinn. An dofir si Momenter ausserhalb vum Beruffsalldag esou wichteg: si verbannen Kolleegen, maachen aus Equippen eng Gemeinschaft a loossen aus Zesummenaarbecht richteg Frëndschaften entstoen.
Famill, Vertrauen a Respekt sinn net nëmme Wäerter op engem Blat Pabeier – si gi bei eis gelieft. Genee dat huet dëse Weekend nach eng Kéier gewisen.
Merci un all déi, déi dobäi waren an dëse flotte Weekend mat Liewen, Energie a gudder Stëmmung gefëllt hunn.