Mir freeën eis, matzedeelen, datt NOVUS Renovation an NOVUS Home Design zu de ronn 900 Signatairen vun der Charte de Valeurs vun der Fédération des Artisans gehéiert. Dëst ënnersträicht eisen deeglechen Asaz fir staark ethesch Prinzipien a Wäerter, déi am Häerz vum lëtzebuergeschen Handwierk stinn.
Dës Charta reflektéiert e gemeinsamt Bekenntnis zu Qualitéit, Proximitéit, Innovatioun an Onofhängegkeet. Si steet och fir e grousse Respekt vis-à-vis vun eise Mataarbechter, der Ëmwelt an de Communautéiten, mat deenen mir enk verbonne sinn.
Fir d’Joër 2026 hu mir eisen neie Certificat kritt, deen dëst Engagement bestätegt an eis konsequent Ausriichtung op nohalteg a wäertvoll Aarbecht ënnersträicht.
Als traditionell Betriber bleiwen mir eisem Handwierk trei – mat Passioun, Verantwortung an engem kloëre Bléck op d’Zukunft.
Eist Engagement an der Charte de Valeurs geet Hand an Hand mat eiser Identitéit als Betriber, déi houfreg och de Label Made in Luxembourg vertrëtt.
Dëse Label steet net nëmme fir d’Hierkonft, mee virun allem fir Qualitéit, Verlässlechkeet an authentescht lëtzebuergescht Know-how. Wäerter, déi och an eiser deeglecher Aarbecht am Mëttelpunkt stinn.
Duerch d’Verbindung tëscht der Charte de Valeurs an dem Label Made in Luxembourg ënnersträiche mir eis Verantwortung, lokal Ressourcen ze stäerken, traditionellt Handwierk ze erhalen an gläichzäiteg modern, nohalteg Léisungen unzebidden.
Sou verbanne mir Traditioun a Fortschrëtt – fest verankert zu Lëtzebuerg, mat engem héije Qualitéitsusproch fir eis Clienten.