Accéder au contenu principal

Mat eisen Hochbeeter an d'Fréijoer starten!

D'Fréijoer steet virun der Dier. Endlech gëtt et méi waarm an d'Sonn kënnt och emmer méi oft luussen.

Déi perfekt Zäit also fir dat Bescht aus ärem Gaart eraus ze huelen an dem ganzen een neie Look ze ginn.
Mat eise flotten Hochbeeter aus Beton hutt dir ganz verschidde Méiglechkeeten äre Gaart ze gestalten an nei opliewen ze loossen.Zéckt net iech bei eis ze mëllen, mir hëllefen iech gäre weider bei all äre Froen

 

Agenda


24.-26.04.2026
Maison & Jardin
Mir freeën eis schon iech dëst Joer ob der Maison & Jardin beim LEON STEFFES ze gesinn.
Adress: 531, rte de Thionville L-5887 Alzingen

03.-05.07.2026
Foire Agricole
Och ob der Foire Agricole zu Ettelbréck sinn mir dëst Joer ërem vertrueden. Kommt eis besichen an loost iech vun eis berooden.
Adress: Centre d’exposition Deich, 4 rue du Deich L-9012 Ettelbruck