Accéder au contenu principal

Handwierk och fir Professioneller

1 Octobre 2025

Rezent huet NOVUS zu Rambrouch en wichtege Projet fir e professionelle Client ofgeschloss: d’Ëmsetzung vun engem strahlungssëchere Raum fir d’Installatioun vun engem Scanner a Röntgenapparat. Zesummen mat KNAUFF Luxembourg hun mir dësen Projet ausgeschafft.

Nieft dëser haaptsächlecher Aarbecht hu mir och all d’Finitiounsaarbechten iwwerholl, wéi Ustrach, Plättercher an Schräiner-Aarbechten.

Zousätzlech gouf eng nei Salle de soins ageriicht, fir dem Cabinet nach méi Méiglechkeeten am Alldag ze bidden.

Mir si stolz, dass de ganze Projet fristgerecht an zu voller Zefriddenheet vum professionnelle Client ofgeschloss ginn ass.