Renovatioun vun Residenzen
Schlësselfaerdeg Renovatiounen
10 Septembre 2025
Renovatioun heescht fir eis net nëmmen, engem aale Gebai neien Otem ze ginn, mee och Wäerter ze erhaalen an zäitgläich fir d’Zukunft ze stäerken. Bei NOVUS hu mir eis iwwer d’Joëren en Numm gemaach am Beräich vun Privatrenovatiounen – Haiser, Appartementer, kleng Projeten mat vill Häerzblutt. Mä mir begleeden och komplex Renovatiounsaarbechten un Residenzen a méi grousse Wunngebaier.
Fassad – d’Visitekaart vum Gebai
An Zäiten, wou Energieeffizienz ëmmer méi wichteg gëtt, beroode mir a setzen Moossnamen ëm, déi d’Residenz net nëmme méi komfortabel maachen, mee och d’Laascht fir d’Bewunner an d’Ëmwelt reduzéieren. Mat eisem Wëssen am Beräich vum Fassaden-Ustrach a vun der energetescher Sanéierung verknäppe mir Ästhetik mat Funktioun: Eng schéi Fassad, déi gläichzäiteg Energie spuert an d’Liewensqualitéit vun de Bewunner verbessert.
Balkonen – Liewensraum dobaussen
Balkonen sinn net nëmmen eng technesch Erausfuerderung, mee och d'Plaatzen vum Otemhuelen. Mir iwwerhuelen d’Sanéierung vum Belag, der Oofdichtung an der Neigestaltung – sou datt Bewunner sech erëm op hirer Terrass wuel fillen.
Gelänner – Sécherheet mat Stil
Sécherheet ass fir eis eng Selbstverständlechkeet. Bei der Montage vun neie Gelänneren verbannen mir robust Material mat engem formschéine Design, dee sech harmonesch an d’Gesamtbild vun der Residenz afügt.
NOVUS steet fir Zouverlässegkeet, Handwierkskonscht a Respekt virun de Gebaier an de Leit, déi dran liewen. Egal ob kleng Reparaturen oder grouss Residenz-Projeten – mir droen dozou bäi, datt d’Immobilien hiere Wäert behalen an neie Glanz kréien.
👉 Méi Detailer a Referenzen fannt Dir op www.novus.lu
