Mir sin erem do!
E staarken a sécheren Ufank noom Congé Collectif
31 Août 2025
No engem gudden a verdéngte Congé Collectif si mir de Méinden nees mat voller Energie an den Alldag gestart. Bei Novus bleift et eng wichteg Traditioun, direkt Méindesmoies mat eiser traditioneller Sécherheets- a Gesondheetsformatioun unzefänken: Sécherheet a Gesondheet stinn am Mëttelpunkt. Esou si mir alleguer nees sensibiliséiert ginn, fir sécher an opmierksam duerch den Rescht vum Joër ze goën.
De Mëttwoch ass et dann méi technesch ginn: eis Leit hunn eng Formatioun un eiser neier Schleifmaschinn vun F&V Flooring Solutions kritt. Fir eis heescht Moderniséierung ëmmer och, datt all Mataarbechter daat néideg Wëssen an och d'Sécherheetsuweisungen kritt, fir déi nei Maschinnen kompetent, effizient an sëcher anzesetzen.
Den Donneschden haten mir d’Geleeënheet, Milwaukee bei eis ze begréissen. Si hunn eis hir nei Maschinnen an Innovatiounen presentéiert, déi d’Aarbecht méi liicht, méi präzis an och méi ergonomesch maachen. Fir eis Equipen ass et ëmmer inspiréierend, déi neiste Léisungen aus éischter Hand gewisen ze kréien – eng flott Mëschung aus Léiermoment an Entdeckung.
D’Motivatioun ass zréck! Dat gesäit een net nëmmen an der Qualitéit vun der Aarbecht, mee och an de villen Selfiën an Ekippefotoen, déi während der Woch entstaane sinn. Dës Biller si méi wéi just Fotoen – si weisen den Zesummenhalt, de Stolz an d’Freed, als een Team un engem Strang ze zéien.
Mir si prett, d’Joër an dësem Geescht weiderzeféieren: mat Sécherheet, mat Léift fir d’Handwierk an engem Teamgeescht, op deen een ëmmer baue kann.
